Den Ensemble
Den Ensembel The Duke’s Singers gouf am September 2013 vun 12 jonke Fraen a Männer gegrënnt. Ugefaang als 6-stëmmegen A-cappella-Männerensemble, hu si sech dunn den Numm “The Duke’s Singers” ginn, deen natierlech en Hommage un dat grousst Virbild The King’s Singers ass. Well ee mat engem gemëschten a-Cappella Ensemble awer méi Méiglechkeeten huet, hu si sech schnell dofir entscheet, weider Sängerinnen opzehuelen.
Mat hirem Repertoire, deen déi verschiddensten Epochen, Stiler a Sproochen – ob sakral oder profan, ob Renaissance oder zäitgenëssesch, ob Klassik oder Pop – ëmfaasst, probéieren d’Duke’s all Geschmaach ze treffen!
7 days ago
Dukes @ PhilharmonieEng gutt Fro:„Wéi koum et dozou, datt zwielef Leit, déi an hirer Fräizäit zesumme sangen, an der Philharmonie optrieden?“Mir sinn selwer och nach net 100% sécher... Eis aktuell Theorie ass:• Stonnen a Stonnen a cappella Gesang• Eng scho bal fragwürdeg Unzuel u Prouwen• E puer léif Leit, déi eis immens ënnerstëtzt hunn• An eng Invitatioun, iwwer déi mir eis rieseg gefreet hunnOp jidde Fall si mir am November an der Philharmonie op der Bühn a géifen eis freeë wann Dir dobäi sidd! 🎟️ Ticketen: gd.lu/bx8x4k 📍 Salle de Musique de Chambre, Philharmonie Luxembourg 📅 14. November 2026 · 19:30 Auer📸 Marc Lazzarini
