Historique

05.04.2014: Concert, Feelen

21.12.2014: Christmas Lights, Wolz

21.03.2015: Concert, Weiler-la-Tour

29.03.2015: Les Enseignants sur Scène, Trifolion Iechternach

20.-29.07.2015: Masterclass, Sulmona (Italien)

19.09.2015: Concert Musique dans la vallée, Réiden un der Attert

23.10.2015: The Gulf (Between you and me), TNL Lëtzebuerg

25.10.2015: The Gulf (Between you and me),TNL Lëtzebuerg

28.10.2015: The Gulf (Between you and me), TNL Lëtzebuerg

14.11.2015: Concert Croix-Rouge, Mamer

13.12.2015: In the crystal Starlight, Cape Ettelbréck

20.12.2015: Chrëschtconcert, Foulscht

29.05.2016: Benefizconcert, Frankenturm Tréier

27.11.2016: Musikbühne Saar, Trifolion Echternach

17.12.2016: Noël Français, Vic-sur-Seille (Frankräich)

18.12.2016: Noël Français, Mëchelskierch Lëtzebuerg

01.12.2017: Christmas with the Duke’s Singers, Weiler-zum-Tur

16.12.2017: Christmas with the Duke’s Singers, Stengefort

10.06.2018: Concert, Zéisseng

04.12.2018: Carols for Christmas, Hesper

09.12.2018: Carols for Christmas, Doosber (Däitschland)

18.12.2018: Carols for Christmas, Käl

30.06.2019: Open Air with the Duke’s Singers, Réimertheater Dalheim

22.09.2019: Concert, 50 Joer gemëschte Chouer Weiler, Weiler-zum-Tur

08.12.2019: Eng musikalisch Réis am Advent, Wäiswampech

21.12.2019: Eng musikalisch Réis am Advent, Lëllgen

22.12.2019, Carols for Christmas, Steesel

02.10.2021: Concert, Doosber (Däitschland)

03.10.2021: Concert am Kader vun ‘De Klenge Maarnicher Festival’, Ëlwen

14.11.2021: Uropféierung vun ‘Sisyphus Sohn’ vum Pierre Weber & Raoul Biltgen an Zesummenarbecht mam radio 100,7 an Kulturkanal. Lauschtert hei bis eran.

24.04.2022: Eng musikalesch Rees duerch Europa, Syren

23.10.2022: Eng musikalesch Rees duerch Europa; Recken/Mess

04.12.2022: Carols for Christmas, Mierscher Kulturhaus 

11.12.2022: Carols for Christmas, Ettelbréck

Säit hirer Grënnung 2013 haten d’Duke’s eng Hellewull Prouwe, hunn ëm déi 20 Concerte gesongen an och soss vill zesummen erlieft. Zwar hu si den éischte Concert de 5. Abrëll 2014 zu Feelen, fir den nei gegrënnten Ensembel ze lancéieren, nach selwer missen organiséieren, mä si hu geschwënn op sech opmierksam gemaach an et huet net laang gedauert, bis déi éischt Concertsoffere béi hinnen erakoumen. Esou konnte si zum Beispill am Dezember 2014 am Kader vun den Liichtwochen zu Wolz mat hirem Chrëschtprogramm glänzen. No dësem Concert konnten d’Duke’s sech och iwwer hir éischt super Kritik freeën: Op MyWort gouf vun hirer „Stilsicherheit, einer scheinbar selbstverständliche Intonation, Ausgeglichenheit in allen Stimmlagen kombiniert mit einem gut durchdachten Konzertprogramm“ geschwäermt an hinnen eng „Leichtigkeit, Jugendlichkeit und Singfreude“, wéi bei kaum engem aneren Ensembel hei am Land, attestéiert.
(https://www.wort.lu/de/mywort/wiltz/news/the-duke-s-singers-in-perfektion-58fe1d3fa5e74263e13b1b2b

No esou engem Luef koum fir The Duke’s Singers dat hekteschst awer och produktiivst Joer iwwerhaapt. Lass goung et mat zwee Concerten am Mäerz 2015 zu Weiler-zum-Tur an zu Iechternach am Trifolion. Duerno konnten d’Duke’s sech schonn op deen éischte groussen Highlight vun hirer jonker Carrière freeën: Eng Masterclass vun der Il Suono in Movimento a.s.b.l. zu Sulmona an Italien! Hei hu si sech emol vun enger anerer Säit gewisen an zesumme mat e bësse Verstäerkung an enger klenger Kombo op zwee Concerten ee renge Pop-Programm presentéiert. Well d’Duke’s awer vun Ufank u ganz villsäiteg a multitaskingfäeg waren, hate si fir dës Rees gläichzäiteg de Gloria a Magnificat vum Vivaldi am Gepäck, déi si sur place mat Orchester gesongen hunn. Knapps erëm aus Italien, stoung een Optrëtt am Kader vum Festival “Musique dans la vallée“ zu Réiden un der Attert um Programm. Am Hierscht 2015 huet dunn eng nei Erausfuerderung op The Duke’s Singers gewaart: Ee Projet mam Titel „The Gulf (between you and me)“ am Théâtre National du Luxembourg. Hei hunn d’Duke’s déi vum Gabriel Jackson a Chris Jonas vertounten Texter vum Dichter Pierre Joris iwwert d’Explosioun vun der Uelegplattform Deepwater Horizon (2010) interpretéiert. Obwuel si sech mat dëse modernen, atonale Stécker op, fir si, ganz neien Terrain gewot hunn, konnte si och hei glänzen an hu bewisen, dass si bereet sinn een Challenge unzehuelen. 

No engem Concert fir d’Croix Rouge am Schlass zu Mamer, waren ab Wanter 2015 bei den Duke’s virun allem Kollaboratiounen ugesot. Am Dezember hu si sou zesumme mam Ensemble Vocal du Conservatoire du Nord ënnert der Leedung vum Martin Folz de Chrëschtprogramm „In the crystal Starlight“ am Cape zu Ettelbréck presentéiert. Eng Woch méi spéit waren si du schonn erëm zu Foulscht ënnerwee, wou si zesumme mam Foulschter Gesank e Chrëschtconcert gesongen hunn. Am Mee 2016 goufen si du vun der Plan Aktionsgruppe Trier fir ee Benefizconcert zu Tréier am Frankenturm engagéiert. Enn November waren d’Duke’s mat 2 aneren Acts dunn Deel vun der „Musikbühne Saar“, engem Programm vum 100,7 an SR3, deen op deenen zwee Radioskanäl live iwwerdroe gouf. D’Joer 2016 hunn The Duke’s Singers mat enger Zesummenaarbecht mam Barock-Ensembel Ad Libitum ofgeschloss – dem Concert „Noël Français“ mat Musek vum Marc-Antoine Charpentier.

No enger kreativer Verschnauwpaus an e puer gréissere Changementer an hirer Opstellung tëscht 2017 an 2019, sinn d’Duke’s mat vollem Elan erëm zréck a stierze sech mat grousser Begeeschterung an hier Projeten!