Den Ensemble

Den Ensembel The Duke’s Singers gouf am September 2013 vun 12 jonke Fraen a Männer gegrënnt. Ugefaang als 6-stëmmegen A-cappella-Männerensemble, hu si sech dunn den Numm “The Duke’s Singers” ginn, deen natierlech en Hommage un dat grousst Virbild The King’s Singers ass. Well ee mat engem gemëschten a-Cappella Ensemble awer méi Méiglechkeeten huet, hu si sech schnell dofir entscheet, weider Sängerinnen opzehuelen.

Mat hirem Repertoire, deen déi verschiddensten Epochen, Stiler a Sproochen – ob sakral oder profan, ob Renaissance oder zäitgenëssesch, ob Klassik oder Pop – ëmfaasst, probéieren d’Duke’s all Geschmaach ze treffen!

Nächst Concerten

Eglise Redange
Sunday, 19th April 2026
Eglise Huncherange
Saturday, 25th April 2026
View All Events

Facebook

3 weeks ago

The Duke's Singers
Throwback Thursday! Hei e puer Fotoe vun eisem Optrëtt zu Uespelt am Schlass de 5. Oktober 2025. Wann Dir eis an nächster Zäit nees wëllt lauschtere kommen, kënnt Dir Iech elo scho follgend zwee Datumer notéieren: Sonndes, den 19. Abrëll um 16:00 zu Réiden an der Kierch Samsdes, de 25. Abrëll um 19:00 Zu Hunchereng an der KierchMir freeën eis schonn op Iech 🥳📸 © Marc Lazzarini ... See MoreSee Less
View on Facebook

Soundcloud