
Sandra Morroni
Member säit: 2013
Wéi eng Stëmm séngs du bei den Duke’s? Sopran
Wat schaffs du? Ech si Léierin.
Wéi eng Instrumenter spills du nach, nieft dem Sangen? Querflütt & Piccolo

Julie Thomé
Member säit: 2019
Wéi eng Stëmm séngs du bei den Duke’s? Sopran
Wat schaffs du? De Moment sinn ech ganz frou als Joffer an der Spillschoul kënnen ze schaffen.
Wéi eng Instrumenter spills du nach, nieft dem Sangen? Mäin éischt a léifst Instrument ass d’Querflütt. Spéider hunn ech dunn och nach Piano geléiert.

Marielle Kaufmann
Member säit: 2013
Wéi eng Stëmm séngs du bei den Duke’s? Sopran
Wat schaffs du? Ech schaffen am Centre national de l’audiovisuel zu Diddeleng als Chargée de projets!
Wéi eng Instrumenter spills du nach, nieft dem Sangen? Klarinette, awer net extra gutt, well wéi ech bis d’Chantcoursen an de Chouergesang fir mech entdeckt hat, hun ech all meng Zäit an Energie doran gestach!

Corinne Filbig
Member säit: 2025
Wéi eng Stëmm séngs du bei den Duke’s? Alt

Sandrine Garçon
Member säit: 2019
Wéi eng Stëmm séngs du bei den Duke’s? Alt
Wat schaffs du? Ech schaffen als éducatrice graduée am SePAS (service psycho-social d’accompagnement scolaire) vun engem Lycée.
Wéi eng Instrumenter spills du nach, nieft dem Sangen? Mäin Haaptinstrument ass d’Klarinett an ech spillen e bësse Piano (dat wat vu mengen dräi Joer Pianoscoursen iwwreg bliwwen ass).

Lena Bonifas
Member säit: 2025
Wéi eng Stëmm séngs du bei den Duke’s? Alt

Jeremy Ney
Member säit: 2025
Wéi eng Stëmm séngs du bei den Duke’s? Tenor

Mark Wilwert
Member säit: 2017
Wéi eng Stëmm séngs du bei den Duke’s? Tenor
Wat schaffs du? Ech sinn Enseignant zu Fréiseng, wou ech am Cycle 2 schaffen.
Wéi eng Instrumenter spills du nach, nieft dem Sangen? Mäin éischt an domat Haaptinstrument ass d’Querflütt, wat ech zu Kayl an der Musek spillen. Am Laf vun de Joren hunn ech och eng Zäit Trompette, Perkussioun, souwéi Saxophone gespillt. Doriwwer eraus huelen ech säit e puer Joer Coursen am Piano.

Claude Kraus
Member säit: 2013
Wéi eng Stëmm séngs du bei den Duke’s? Tenor
Wat schaffs du? Ech si Pianosprof am Stater Conservatoire.
Wéi eng Instrumenter spills du nach, nieft dem Sangen? Piano & Klarinette

Ben Weis
Member säit: 2021
Wéi eng Stëmm séngs du bei den Duke’s? Bass
Wat schaffs du? Ech sin chargé de cours bei der Ugda fir Solfège, elektreschen Bass, elektresch Guitare an Kannerchouer.
Wéi eng Instrumenter spills du nach, nieft dem Sangen? Ech spillen als Haaptinstrument elektreschen Bass, mee och Guitare, Piano an Kontrabass.

Lou Wio
Member säit: 2013
Wéi eng Stëmm séngs du bei den Duke’s? Bass
Wat schaffs du? Ech schaffen am Service Compte Rendu bei der Chambre des Députés.
Wéi eng Instrumenter spills du nach, nieft dem Sangen? Klarinette a Piano

Paul Lallemand
Member säit: 2013 (mat enger klenger kreativer Paus vun 2016-2021)
Wéi eng Stëmm séngs du bei den Duke’s? Bass
Wat schaffs du? Ech sinn am Moment an der Ausbildung zum Web Developer. Niewebäi sinn ech Dirigent bei den Dikricher Solschlësselcher an Hobby-Organist.
Wéi eng Instrumenter spills du nach, nieft dem Sangen? Trombone, Piano, Uergel, Gesang an där Reihefolg. Gesang ass bäi wäitem dat bescht a mécht am meeschte Spass, mee ech hunn eng Trombone Mentalitéit.
Fréier Memberen
| Patrick Kraus (vun 2013 bis 2025)
Debbie Marinkovic (vun 2017 bis 2025) Michèle Neumann (vun 2018 bis 2025) David Mestel, Bass (vun 2019 bis 2022) Tuulia Pasanen, Sopran (vun 2013 bis 2020) |
Christophe André, Bass (vun 2017 bis 2019)
Conny Feiereisen, Alt (vun 2017 bis 2018) Tamara Friedrich, Alt (vun 2017 bis 2018) Joëlle Wiseler, Alt (vun 2013 bis 2016) |
Isabelle Freymann, Alt (vun 2013 bis 2016)
Alexander Gebhard, Tenor (vun 2013 bis 2016) Jeff Mack, Tenor (vun 2013 bis 2016) Nicole Thomé, Alt (vun 2013 bis 2015) |
Éierememberen
| Conny Feiereisen
Mme & Mr Guy Kraus-Sauer |
Tamara Friedrich
Gaby Wilwert-Gilson |
Simone Schalz-Kirsch |
