Concert: Carols for Christmas

Event Start Date:
8th December 2024
Event End Date:
8th December 2024
Event Venue:
Eglise Boulaide
Carols for Christmas
Ee besënnlechen Adventsconcert mat The Duke’s Singers organiséiert vun der Kommissioun vun der Kultur an der Geschicht, Bauschelt.
„It’s beginning to look a lot like Christmas“ an dëst Dank engem variéierte Programm, zesummegesat aus mol méi a mol manner bekannte Chrëschtdagsmelodien aus allen Epochen. Loosst Iech vun den „Dukes“ mat acapella Arrangementer astëmmen op déi schéinsten Zäit am Joër!
De lëtzebuerger Ensembel gouf 2013 vun 12 jonke Fraen a Männer gegrënnt. Als Hommage un hiert grousst Virbild vun de renomméierte „King’s Singers“, hunn si sech den Numm „The Duke’s Singers“ ginn. Bei hirem Repertoire, deen déi verschiddensten Epochen, Stiler a Sproochen – ob sakral oder profan, ob Renaissance oder zäitgenëssesch, ob Klassik oder Pop – ëmfaasst, ass fir all Goût eppes dobäi!
Sopran: Sandra Morroni, Julie Thomé, Marielle Kaufmann
Alt: Debbie Marinkovic, Sandrine Garçon
Tenor: Mark Wilwert, Claude Kraus, Ben Weis
Bass: Patrick Kraus, Lou Wio, Paul Lallemand
08.12.24 | 17:00 | Fräien Entrée