A Decade! | Festival A Cape’lla

Event Start Date:
28th January 2024
Event End Date:
28th January 2024
Event Venue:
CAPE - Centre des Arts Pluriels Ettelbruck

Concert-apéro fêtant le 10e anniversaire

The Duke’s Singers sinn ee Vokal-Ensembel, dee säit 2013 aktiv ass an zanterhier ronn 20 Concerte gesongen huet. Ursprénglech vu 6 jonken Hären als A-cappella-Männer-Ensembel geplangt, haten si sech dunn den Numm “The Duke’s Singers” ginn, deen natierlech en Hommage un dat grousst Virbild The King’s Singers ass. Well ee mat gemëschte Stëmmen awer méi Méiglechkeeten huet, hunn si sech schnell dofir entscheet, weider Sängerinnen opzehuelen an aus The Duke’s Singers ee gemëschte Vokal Ensembel ze maachen. Mat hirem Repertoire, deen déi verschiddensten Epochen, Stiler a Sprooche – ob sakral oder profan, ob Renaissance oder zäitgenëssesch, ob Klassik oder Pop – ëmfaasst, probéieren “d’Duke’s“ all Geschmaach ze treffen! Mat engem Apéro-Concert feiere si elo am Kader vum A CAPE’lla Festival an entspaanter Atmosphär zesumme mat hirem Publikum hire 10. Gebuertsdag.

Tickets: https://cape.lu/dukes-singers/13907

TARIFE
21€ NORMALTARIF
10,50€ JUGENDTARIF
1,50€ NORMALTARIF