Den Ensemble
Den Ensembel The Duke’s Singers gouf am September 2013 vun 12 jonke Fraen a Männer gegrënnt. Ugefaang als 6-stëmmegen A-cappella-Männerensemble, hu si sech dunn den Numm “The Duke’s Singers” ginn, deen natierlech en Hommage un dat grousst Virbild The King’s Singers ass. Well ee mat engem gemëschten a-Cappella Ensemble awer méi Méiglechkeeten huet, hu si sech schnell dofir entscheet, weider Sängerinnen opzehuelen.
Mat hirem Repertoire, deen déi verschiddensten Epochen, Stiler a Sproochen – ob sakral oder profan, ob Renaissance oder zäitgenëssesch, ob Klassik oder Pop – ëmfaasst, probéieren d’Duke’s all Geschmaach ze treffen!
1 month ago
🎄 Merry Christmas 🎄
The Duke's Singers wënschen Iech schéi Feierdeeg an e glécklecht neit Joer! Merci dass Dir eis dëst Joer bei eisen Aventurë begleet hutt an zu esou vill op eise Concerten dobäi waart. Mir freeën eis schonn op dat nächst Joer zesumme mat Iech...
So, we're offering this simple phrase
To kids from one to ninety-two
Although it's been said many times, many ways
Merry Christmas to you! 🎶⭐️❄️🎁![]()
Foto: Mierscher Kulturhaus