Den Ensemble

Den Ensembel The Duke’s Singers gouf am September 2013 vun 12 jonke Fraen a Männer gegrënnt. Ugefaang als 6-stëmmegen A-cappella-Männerensemble, hu si sech dunn den Numm “The Duke’s Singers” ginn, deen natierlech en Hommage un dat grousst Virbild The King’s Singers ass. Well ee mat engem gemëschten a-Cappella Ensemble awer méi Méiglechkeeten huet, hu si sech schnell dofir entscheet, weider Sängerinnen opzehuelen.

Mat hirem Repertoire, deen déi verschiddensten Epochen, Stiler a Sproochen – ob sakral oder profan, ob Renaissance oder zäitgenëssesch, ob Klassik oder Pop – ëmfaasst, probéieren d’Duke’s all Geschmaach ze treffen!

Nächst Concerten

Château d'Aspelt - Salle Hadespelt
Sunday, 5th October 2025
Eglise Lieler
Saturday, 11th October 2025
View All Events

Facebook

1 week ago

The Duke's Singers
NÄCHST SAISON! No enger klenger Paus an engem wonnerbaren Dukes-Summerfest si mir prett an d'Hierschtsaison 2025 ze starten 🍁🍂🍄 Op eisen nächste Concerten dierft Dir Iech och net just op een neie Programm freeën, mee zousätzlech op 3 léif nei Memberen, déi ab elo bei eis matsange: De Jeremy Ney am Tenor an d'Corinne Filbig a Lena Bonifas am Alt. Verpasst net eisen nächste Concert de 5. Oktober um 17h00 am Schlass zu Uespelt fir Sie an de Rescht vun den Duke's Singers an Aktioun ze erliewen! Méi Informatiounen zum Concert, fannt Dir hei: gd.lu/5SP8jN ... See MoreSee Less
View on Facebook

Soundcloud